2026/01/01 by Anne‐Marie Millim · 1 voice
Social Sciences · #European Cultural and National Identity #Linguistic and Sociocultural Studies #Migration, Policy, and Dickens Studies
paper · pdf · doi:10.26298/1981-5616
openalex publication_date 2026/01/01 · openalex created_date 2026/05/06 · openalex updated_date 2026/07/28
Déi ca. 7000 Texter vum Batty Weber senger Abreißkalender-Feuilletonsserie (1913-1940) setze sech mat diverse Facettë vun der kënschtlerescher, sozialer, ekonomescher, politescher an intellektueller Realitéit zu Lëtzebuerg (an doriwwer eraus) auserneen. Si stiechen an der Lëtzebuerger Literatur- a Kulturgeschicht eraus duerch dem Auteur säin Humor, säi breeden Theemespektrum a seng Ambitioun, de Lieser.innen an enger poetiséierter Form en dauerhaften Interessi un der Lëtzebuerger Kultur a Geschicht nozebréngen. An dësem Sammelband ënnersiche Fuerscher.innen aus verschiddene wëssenschaftlechen Disziplinnen déi sproochlech, theematesch an argumentativ Musteren vun de Feuilletonen an hirer Kontextgebonnenheet. Ausgoend vu wëssenschaftlechen Approchen aus de Beräicher Sproochgeschicht, Sozio- a Computerlinguistik, Literatursoziologie a -wëssenschaft, Reliouns-, Stad-, Technologie-, Medezin- esouwéi Ëmweltgeschicht, bidden d’Contributeur.tricë wäertvoll an innovativ Erkenntnisser zur Komplexitéit vun der Lëtzebuerger Kulturproduktioun, Geschicht a Politik, ewéi och den institutionellen an urbane Konditiounen an der éischter Hallschent vum 20. Joerhonnert.